Verréckt!!!

Wann et elo fest steet, dat déi Leit, déi Dag fir Dag mat eise Kanner ze dinn hunn, de Kapp aleng mussen duerhale wann eppes schreckleches geschitt, da roden ech awer all Mënsch, deen an dem Beräich schafft, seng Zukunft ofzesécheren! Well et ka jo net sinn, dat Direktiounen, Schefferéit net zur Rechenschaft gezu ginn, ouni dat se kenne beweisen, dat alles méigleches gemaach ginn ass, fir jidderengem seng Sécherheet ze garantéieren!

Well mol serieux, wéivill Ideen an Ureegunge vun eisen Educateuren fir d’Wuelbefannen an d’Sechereheet vun de Kanner, déi si hinne selwer ginn, ginn aus sougenannte Budgetäres Grënn aus de Féiss gelooss!
Dozou kennt nach, dat mer emol keen eenheetleche System hunn, wat d’Sécherheet ubelaangt! Engersäits gëtt et eis Gewerbeinspektioun a wann et mat der Fonctioun Publique ze dinn huet, ass eng aner Administratioun zoustänneg! Dat heescht wann ee Fonctionnaire do schafft, ass et eng aner Administratioun déi zoustänneg ass ewéi wann et en Salarié ass, och wann se am selwechte Gebai schaffen.

Educateur de schéinste  Beruf vun der Welt!!!???

0 Réponse à “Verréckt!!!”


  • Aucun commentaire

Laisser un commentaire