Autorenarchiv für Kulturellen Eck
Seite 0 von 3
7e Printemps des Poètes
4ième salon international d’Art Contemporain
Exposition URSPRUNG – Bodo KORSIG & Nico HELMINGER
Europäisches Symposium der Literatur: Worte – Orte – W(Orte) – als literarische Heimat (5. September 2013 @ Akademie der Wissenschaften und der Literatur in Mainz)
Literarischer Dienstag mit Nico HELMINGER: „Lëtzebuerger Léiwen“ (2. Juli 2013 um 18 Uhr 30 @ Cercle, Auditoire Henri Beck)
Lecture « transkrit:05″ (17 juin 2013 à 20h00 @ Goethe Institut Paris)
6. Frühling der Poeten @ Luxemburg (12.-14. April 2013)
Lecture „transkrit:05“ (7 mars 2013 à 20h00 @ Kulturfabrik Esch/Alzette)
Kandheet(en) am Minett (26. Februar 2013 um 20h00 @ Théâtre Municipal d’Esch/Alzette)
Dräi Auteuren aus dem Lëtzebuerger Literaturverlag ultimomondo liesen an der Haaptstad vum roude Buedem Texter iwwert «Kandheet(en) am Minett». Fir dës faarweg a spannend Expeditiounen an d’Liewe vun de Minettsdäpp ass den Escher Theater eng ideal Plaz, matzen an der Topographie vun de literaresche Figuren.
De Jean Back porträtéiert am Roman Wollekestol seng Heemechtsstad Diddeleng iwwert eng Rei ironesch Geschichten, déi sech an éischter Linn fir déi schwireg Existenz vun de sougenannte «klenge Leit» intresséieren.
De Lucien Blau erzielt a sengem Buch Mam Schuco’s Auto an den Zinema Royal d’Aventüren an d’Turbulenze vun engem Diddelenger Lausbouf, mat villen Anekdoten aus der Schoul, der Famill an der komplexer Aarbechtswelt.
Dem Nico Helminger seng Geschichtesammlung de john grün, dout am bushaischen geet an d’Déift vum Déifferdanger an Escher Minett, mat staarken Texter iwwert déi alldeeglech Konflikter tëscht Kanner an Erwuessene virum Hannergrond vun der Stoolindustrie.
Den Jazzmuseker Jitz Jeitz (Saxophon, Klarinett, Multiblow) beschreift tëscht den Texter d’Minettslandschaften op seng eegen, onverwiesselbar Manéier. Bei sengen Improvisatioune verschafft hien och Material aus dem Lëtzebuerger Folklore, hei zum Beispill eng parodistesch Kombinatioun vun engem Kierchelidd mat der «Internationale», dem Kampflidd vun der Goosch. Säin Jazz ass net akademesch, mee liicht a lëfteg a voller witzeger Uspillungen.
- Réservations:
- Tél. (+352) 54 03 87 oder 54 09 16
- Email: reservation@theatre.villeesch.lu